Är Aufgaben:
- Gestioun, administrativen a finanzielle Suivi vun de Formatiounen
- Erstelle vun de Kofinanzementsdossieren (INFPC)
- Ausschaffe vu Statistiken
- Matschaffen u Formatiounsprojeten
Äre Profil:
- Ausbildung: een « Diplôme de fin d’études secondaires générales/classiques »
- Idealerweis Beruffserfarung am Formatiounsberaich
- Déi 3 Landessproochen beherrschen (L/D/F), woubäi Lëtzebuergesch eng Viraussetzung ass
- Gutt Kenntnisser am MS-Office hunn, vrun allem am Excel an Outlook
- Grëndlech, zouverlässeg, eegeverantwortlech an am Team schaffe kënnen
- Dynamesch a kommunikatiounsfreedeg sinn
- Et ass vu Virdeel, wann Dir de Kofinanzement vun der Formatioun (INFPC) beherrscht an Iech mam Logiciel Persis auskennt
Mir bidden:
- 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Méiglechkeet un Formatiounen deelzehuelen
-
Eng kleng, dynamesch Ekipp an en ofwiesslungsräichen Job
-
Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt maximal an der Carrière C4 bezuelt
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 3
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Uspriechpartner:
Chargé Formation Continue: Monsieur Christian Weiland 12 bd Joseph ll L-1840 Luxembourg Tel: +352 27 44 97 46 - 28 www.elisabeth.lu
Tags
full-time